D’Präisser goufen en Dënschdeg den Owend zu London viru 4.000 Zuschauer verginn.

De Popstar Dua Lipa ass bei de Brit Awards fir di zweete Kéier als bescht brittesch Kënschtlerin ausgezeechent ginn. Och gouf et eng Trophäe fir de beschten Album vum Joer ("Future Nostalgia").

Als beschte männleche Kënschtler gouf de Londoner Rapper J Hus ausgezeechent. International Auszeechnunge sinn un de Kanadier TheWeeknd an un d’US-Amerikanerin Billie Eilish gaangen. TheWeeknd war mat enger musikalescher Performance per Video zougeschalt, wärend sech d’Billie Eilish mat engem Video-Message bedankt huet.

Bei de Brit Awards gouf et awer och eng Première. Als éischt weiblech Grupp an der Geschicht vun de Brit Awards gouf „Little Mix“ ausgezeechent.

De Sänger Harry Styles krut dann eng Trophäe fir seng Single „Water Melon Sugar“.

Immens gefreet huet sech de Schwëster-Trio Haim, dee konnt sech an der Kategorie „bescht international Band“ géint d’Foo Fighters an déi favoriséiert südkoreanesch Boygroup Band BTS duerchsetzen.

D’Taylor Swift krut den Global Icon Award, een Éierepräis, dee virun him just de Sir Elton John, David Bowie an de Robbie Williams kruten.

Hei fann dir alleguerten d'Gewënner:

British Album of the Year

Arlo Parks - Collapsed In Sunbeams
Celeste - Not Your Muse
Dua Lipa - Future Nostalgia
J Hus - Big Conspiracy
Jessie Ware - What's Your Pleasure?

British Single

220 Kid & Gracey - Don't Need Love
Aitch & AJ Tracey ft. Tay Keith - Rain
Dua Lipa - Physical
Harry Styles - Watermelon Sugar [WINNER]
Headie One ft. Aj Tracey & Stormzy - Ain't It Different
Joel Corry ft. Mnek - Head & Heart
Nathan Dawe ft. KSI - Lighter
Regard & Raye - Secrets
S1mba ft. DTG - Rover
Young T & Bugsey ft. Headie One - Don't Rush

British Male Solo Artist

AJ Tracey
Headie One
J Hus [WINNER]
Joel Corry
Yungblud

British Female Solo Artist

Arlo Parks
Celeste
Dua Lipa [WINNER]
Jessie Ware
Lianne La Havas

British Group

Bicep
Biffy Clyro
Little Mix [WINNER]
The 1975
Young T & Bugsey

Breakthrough Artist

Arlo Parks [WINNER]
Bicep
Celeste
Joel Corry
Young T & Bugsey

International Male Solo Artist

Bruce Springsteen
Burna Boy
Childish Gambino
Tame Impala
The Weeknd [WINNER]

International Female Solo Artist

Ariana Grande
Billie Eilish [WINNER]
Cardi B
Miley Cyrus
Taylor Swift

International Group

BTS
Fontaines D.C.
Foo Fighters
HAIM [WINNER]
Run The Jewels

Rising Star Award

Griff [WINNER]
Pa Salieu
Rina Sawayama

Global Icon Award

Taylor Swift [WINNER]