Déi däitsch Pionéier vum Techno ware scho 6 mol nominéiert ginn ier et dann elo geklappt huet.

Heiansdo dauert et e bësse méi laang bis eppes klappt. Bei der däitscher Techno-Grupp Kraftwerk war dat och kloer de Fall. D'Grupp aus Düsseldorf gëllt scho laang als Pionéier wann et ëm elektronesch Musek geet. Ganzer 6 mol goufen se dann och scho proposéiert fir an d'Rock'n'Roll Hall of Fame ze kommen. Bis elo hat et awer ni geklappt. Dat mam Argument, dass hir Musek eebe kee Rock'n'Roll wier.

Elo huet een dann des Meenung nach eemol geännert: Kraftwerk hätt d'Basis geschaf fir sämtlech elektronesch Rock- an Dance-Musek déi vu Synthesizer-Kläng gedroe gëtt. Hiert musekalescht Ierwen hätt sech scho bei Kënschtler wéi dem David Bowie, Depeche Mode oder och Daft Punkt gewisen.

Nieft Kraftwerk ginn awer nach weider Kënschtler an d'Hall of Fame opgeholl. Esou zum Beispill d'Tina Turner, dat zwar schonn 1991 an d'Rock'n'Roll Hall Of Fame opgeholl gouf, mee deemools nach zesumme mat sengem Ex-Mann Ike Turner. Elo gëtt d'Sängerin dann 30 Joer och eleng geéiert. Weider wäerten och nach d'Foo Fighters elo an der Hall of Fame landen.

Wien an d'Hall of Fame kënnt a wien net decidéieren iwwregens méi wéi 1'200 Persounen. Dorënner Museker, Musekwëssenschaftler an aner Leit aus der Museksbranche. Eng Konditioun fir d'Opnam ass dann och, dass deen éischten Album vum Kënschtler viru wéinstens 25 Joer verëffentlecht gouf.