Den däitsche Rapper Kontra K huet gäre brenzleg Situatiounen. Ma bei sengem leschte Videodréi ass et awer besonnesch waarm ginn...

Ee Liewen um Limit. Sief et mat Boxkämpf, kuschele mat wëllen Déieren oder eeben engem Videodréi op enger éischter ongewéinlecher Location. Beim Kontra K muss et schonn eppes besonnesches sinn. Ma bei dem Dréi vu sengem leschte Video fir d'Single Wenn das Schicksal trifft huet de Kontra K nees bewise wéi gären en extrem Situatiounen huet. Hien hat een Deel vum Video nämlech bei engem aktive Vulkan gefilmt. Op Instagram hat de Maximilian schonn ee klenge Behind-The-Scenes geteased. Am Video héiert een de BerlinerRapper awer just laachen a soen "Mach mal nach Bruder".

Den 21. Mee kënnt dann och dem Kontra K säin 10. Studioalbum eraus. "Aus dem Licht in den Schatten zurück" nennt secg dëst Wierk a soll engem Communiqué no een "epescht Gesamtkonschtwierk" sinn. Ma vill Leit dierfte sech da wuel och op seng Tour freeën, déi en och de 4. Dezember 2021 op Lëtzebuerg bréngt. Wéi de Berliner selwer sot, wäert et eng Tournée sinn "bei der komplett nei Live-Standards gesat ginn".