De Song fir d'Europameeschterschaft dës Joer ass eraus: De Martin Garrix huet mam Bono a The Edge vu U2 hunn e Freideg "We are the People" verëffentlecht.

E Freideg huet de Martin Garrix, DJ aus Holland, net nëmme säi 25. Gebuertsdag gefeiert, mee och d'Verëffentlechung vum offiziellen EM-Song. Fir "We Are The People" huet hie mat zwee Membere vu U", dem Bono an dem The Edge, zesumme geschafft.

Dräi Joer laang sollen déi dräi Museker um Lidd geschafft hunn. Wéi et an der offizieller Matdeelung heescht, soll "We Are The People" d'Positivitéit an d'Hoffnung spigelen, déi fir en Team noutwenneg sinn. Och soll d'Lidd e Gefill vun Zesumme sinn an Eenegkeet vermëttelen.

D'Europameeschterschaft 2021 start den 11. Juni zu Roum. Am éischte Match spillt Italien géint d'Tierkei. D'Matcher ginn an 11 verschiddene Stied ofgehalen, dorënner München, Budapest, Sankt Péitersbuerg a Kopenhagen. D'EM hätt scho sollen d'lescht Joer gespillt ginn, gouf awer wéinst der Corona-Pandemie verréckelt.