D'Fans vum däitsche Museker musse wuel nach eng Grëtz méi laang Gedold beweisen.

Eigentlech hätten d'Fans vum Nico Santos nach dëst Joer nees an de Genoss kommen den däitsch-spuenesche Sänger live am Atelier z'erliewen. De Concert war fir den 12. September 2021 ugesat.

Elo muss d'Virfreed nach e bësse méi laang undaueren. Wéi den Atelier matdeelt wier ee frou, dass een zesumme mam Nico Santos een neien Datum fonnt hätt. Esou soll de Concert dann um Freideg, den 20. Mee 2022 kënne gespillt ginn.

Wéi gewinnt wäerten déi verkaaften Ticketen fir deen neien Datum gülteg sinn a mussen och net ëmgetosch ginn. Och wäert de Concert am Atelier ofgehale ginn an zu der nämmlechter Auerzäit ufänke wéi et scho geplangt war an op den Tickete steet.