No senger Single "Montero (Call Me By Your Name)" ass et Zäit fir een neien Track.

Déi nei Single "Sun Goes Down" vum Lil Nas X ass do. Et ass eng éischter roueg Single, mat ganz vill Häerz. Et héiert een dem Lil Nas X seng Péng vu fréier souwuel an der Melodie wéi och an de Lyrics vun der Single.

Nodeems de Lil Nas X a senger Single "Montero (Call Me By Your Name)" thematiséiert huet elo oppen zu senger Homosexualitéit ze stoen, schéngt en dëse Sujet weider ze verdéiwe mat senger nächster Single. Um Sonnden huet den 22 Joer ale Museker ee Post zum neie Lidd an och zu dësem Video gemaach. Déi nei Single nennt sech "sun goes down".

An dësem Video reest de Lil Nas X an der Zäit zeréck bei eng méi jonk Versioun vu sech selwer. Dëst jonkt "Ech" kämpft ënnerlech mat sech selwer, sech haassen an net méi liewe wëllen. Déi eeler Versioun vum Lil Nas X hëlleft sengem jonken Ech dann, dass e sech nees besser spiert. Wéi de Rapper weider seet, kéint en et net méi erwaarden dëse Video an och d'Lidd mat senge Fans an der Welt ze deelen. "Dat hei ass wierklech wichteg fir mech." Déi nei Single "sun goes down" kënnt de Freiden, den 22. Mee eraus.