Weider wäerten och nach Concerten zesumme mam Atelier a mam Trifolion vun Iechternach organiséiert ginn ënnert "Summerconcerts Echternach".

Wéi ganz vill aner Events, misst och den e-Lake Festival d'lescht Joer ofgesot ginn. Ma dëst Joer gëtt et do dann awer eng gutt Nouvelle: et wäert zu Iechternach nees gefeiert ginn. Wann och e bëssen anescht. Well och wann d'Restriktiounen elo méi labber ginn wäerte mer nach keng "normal" Editioun vum e-Lake dëst Joer feiere kënnen. Dofir wäerten et awer quasi dee ganze Summer iwwer Concerte ginn. Dat zesumme mam Atelier, dem Trifolion vun Iechternach, an eeben och den Organisateure vum e-Lake.

Déi offiziell 25. Editioun vum e-Lake wäert da wuel eréischt 2022 ustoen. An da wäert dëse ronne Gebuertsdag och mat allem wat dozou gehéiert gefeiert ginn. Am Ausgläich, fir d'Waarde bis dohin ze verkierzen, proposéieren d'Organisateuren dann awer eng méi kleng Versioun vum e-Lake. Dat wier dann de Weekend vum 6. a 7. August 2021 an net um Iechternacher Séi. Mee dofir an der historescher Kuliss vun der "Orangerie" bei der Iechternacher Abtei. Natierlech entspriechend de sanitäre Mesuren. Dofir wäerte maximal 300 Leit erlaabt sinn fir bei de Live-Concerten dobäi ze sinn. Dës Zuel gouf festgehalen, well de Site vun der Orangerie fir net méi Persounen ausgeluecht ass. Weider wäert den e-Lake eppes "kaschten", an zwar 25 Euro am Viraus. Ma déi Sue kréien d'Leit awer integral a Form vu Bongen den Dag selwer um Concert zeréck.

De Programm fir déi zwee Deeg vum e-Lake ass da ganz lokal bliwwen. Et wëll een um Freiden dann och mat Bands lassleeën. De Samsde soll da méi dat Bescht vu lëtzebuergescher elektronescher Musek gewise ginn. De geneeë Line-Up gesäit folgendermoossen aus:

Um Freideg, dem 6. August

  • Tuys
  • Francis of Delirium
  • De LÄB & Homies

Um Samsdeg de 7. August

  • DJ Dee! & DJ Nosi
  • All Reitz Reserved
  • OKE & Band
  • Iceleak

Ofgesi vun hirem Optrëtt um Samsden, wäerten den DJ Dee! an den DJ Nosi och um Freiden tëscht den eenzelen Optrëtter vun de Kënschtler dofir suergen, dass et ni ze roueg gëtt an der Orangerie.

Concerte vum Atelier an Trifolion

Nieft dem e-Lake wäerten awer nach Leit dofir suergen, dass genuch musekalesche Programm an der Iechternacher Artei gebuede gëtt. Dat wäert eemol den Trifolion si mat Concerte vum 16. Juli bis den 19. Juli, an dann nach eemol vum 22. bis den 28. Juli.

Den Trifolion vun Iechternach huet sech da beméit verschidde Museksrichtungen unzebidden, mat och internationale Kënschtler déi och fir Grammyen nominéiert goufen, wéi zum Beispill de Rufus Wainwright. Den Ofschloss vum "Echterlive" wäert dann de Concert zesumme mam däitsche Museker Max Mutzke sinn um 28. Juli.

An och den Atelier ass weider héich motivéiert nees Live-Musek op Lëtzebuerg ze bréngen. Dofir bidde si dann 3 Concerten am Haff vun der Abtei oder och der Orangerie un. Ugefaangen den 20. Juli mat der schwäizer Musekerin Sophie Hunger, dat wéi de Michel Welter vum Atelier sot, einfach perfekt an de Kader vun der Iechternacher Abtei passt. Weider geet et da mat der belscher Band Hooverphonic um 31. Juli. Et ass zwar net déi éischte Kéier, dass d'Band hei zu Lëtzebuerg ass, ma d'Freed dofir awer net manner grouss.

Fir d'Fans vun der Techno-Musek gëtt et dann nach den 1. August dee passende Concert mam Francesco Tristano. De lëtzebuergesche Museker wäert da mat enger "Konzept-Show" optrieden, déi nieft elektronescher Musek och eng Liicht-Show déi perfekt hei an de Kader vun der Iechternacher Abtei passt.