Dat huet déi belsch Regierung elo accordéiert. Et gëtt also elo nees gefeiert am Summer.

Nee dat ass kee Witz. Et ass effektiv confirméiert ginn, dass den Tomorrowland-Festival dierf organiséiert ginn. Déi belsch Regierung huet elo de Go ginn de Festival z'organiséieren mat enger maximaler Kapazitéit vu 75'000 Persounen pro Dag. Eng dach enorm Unzuel u Leit, déi mer eigentlech guer net méi gewinnt si beieneen ze gesinn.

D'Tickete fir d'Editioun vun dësem Joer si jo eigentlech scho längst verkaf ginn. Ma ob all Persoun déi och effektiv Ticketen huet dierf dobäi sinn dierft dann awer onwarscheinlech sinn. Bei der leschter Editioun am Joer 2019 waren am Ganzen 400'000 Leit dobäi. Dëst Joer wäerten et der wuel ee gudden Deel manner sinn.

Wien dann dierf goe vun de Leit déi een Ticket hunn a wien net, ass nach net gewosst. Och ee genee sanitäert Konzept ass och nach net matgedeelt ginn. Dat wäert awer wuel an deenen nächsten Deeg kommen.D'Weekender vum Tomorrowland 2021 ass dann elo och matgedeelt ginn. Deen éischte Weekend ass den 27. - 29. August an deenen zweeten da vum 3.-5. September 2021 Ee geneeë Line-Up ass dann awer weiderhin nach net bekannt. Um offizielle Site vun Tomorrowland steet dann, dass een eemol op eng Kombinatioun vun Impfungen an och Schnelltester virun der Entrée setze wäert. Ma dass een awer egal wéi all d'Mesuren wäert eescht huelen an ëmsetzen, fir Tomorrowland zu engem sécheren Erliefnis fir jiddereen ze maachen.