Fir d'Fans gëtt et elo ee ganze Video mat ganz villen Informatioune vum Museksvideo a vum Videodréi.

Dem Katy Perry seng nei Single "Electric" ass eent vun de Lidder dat fir de 25. Gebuertsdag vu Pokémon produzéiert gouf. D'Katy selwer seet jo, dass hatt scho quasi säi Liewe-laang ee Fan vun de klenge japanesche Monster ass.

A sengem Museksvideo fir "Electric", deen iwwregens zu Hawaii gefilmt gouf, huet d'Katy dann och e puer Uspillungen agebaut. Dat huet d'Katy elo an engem "Behind the scenes"-Video gezielt. Een Deel vum Video spillt zum Beispill op engem Maart. Op dësem ginn et verschidde Stänn, déi och all verschidden Nimm hunn. Dës Nimm sinn dann och net zoufälleg gewielt. Esou gëtt et een dee Flynn's Flower heescht, nom Orlando sengem 10 Joer ale Jong aus senger Relatioun mam Model Miranda Kerr. Ee weidere Stand heescht dann Daisy's Garden, benannt no sengem eegene Meedchen an nach een aneren dee Stella's Strawberries heescht, esou wéi dem Katy seng Niess.