Déi neiséilännesch Sängerin Lorde ass nees zeréck! Nieft enger neier Single steet och een Album un.

An op eemol war se dunn do déi nei Single vum Lorde. Wat ee scho mol ka soen: den Numm ass Programm. Solar Power huet zwar ee ganz duussen instrumentale Klang, ma dofir awer esou vill positiv Energie. Et ass wierklech genee déi richteg Musek déi ee lauschtere soll wann een einfach dobaussen an der Sonn läit an einfach just zefridden ass mat sech an der Welt. Wéi d'Lorde och selwer matgedeelt huet, ass den Track un der "natierlecher Welt" inspiréiert.

Et gouf elo scho méintelaang spekuléiert ob a wéini d'Lorde ee Comeback feiert. Elo ass dat konkret ginn. Wéi d'Lorde elo mam Release vu senger neier Single Solar Power matgedeelt huet, ass een neien Album dann och schonn an de Startlächer. De Release vu sengem drëtte Studio-Album wier "imminent". Déi neiséilännesch Sängerin hat um Dënschde Muere och scho seng Websäit geupdate.
Um Site gesäit een elo eng Foto, respektiv d'Bild vun engem Cover, déi sech "Solar Power" nennt. Dës Single ass domat déi éischt nei Musek zanter sengem Album "Melodrama" aus dem Joer 2017.

Offiziell gouf déi nei Single net confirméiert bis se op eemol ukomm ass. Um Site steet stoung just "Arriving in 2021... Patience is virtue".