Mat engem Video huet d'Sängerin elo déi nei Single geteased.

Via Social Media huet d'Doja Cat elo eng zweet Single fir dëst Joer annoncéiert. Op senger éischter Single fir 2021 "Kiss Me More" hat d'Doja Cat sech nach d'SZA an d'Boot geholl.
Fir seng nei Single "Need To Know" schéngt d'Doja wuel eleng an de Studio gaangen ze sinn. An engem klengen Teaser-Clip huet d'Sängerin dës annoncéiert fir de Freiden, 11. Juni. De Video huet een zimmlech futuristesche Look. Kee Wonner, deen neien Album vum Doja heescht jo "Planet Her". An och schonn de Video vu "Kiss Me More" huet sech mat Planéiten a Raumfahrt beschäftegt. Béid Single wäerten och wuel um neien Album drop sinn. Ee Release-Datum gëtt et hei awer nach net.