Egal wéi kënnt een zanter leschtem Joer schwéier laanscht d'Dua Lipa. Ma an sengem Heemechtsland wuel guer net.

Wann een op d'Joer 2020 musekalesch zeréck kuckt, fale virun allem The Weeknd, d'Taylor Swift an Dua Lipa op mat hiren Alben. Ma an der UK ass elo gekuckt ginn, wat am meeschte gespillt ginn ass am Joer 2020. An do steet d'Dua da ganz uewen op der Lëscht.

Déi brittesch Firma PPL, déi sech ëm d'Bezuelung vun de Kënschtler këmmert, huet "exklusiv d'Benotzung vu Musik an Airplay Donnéeë vu Radiostatiounen an Tëlevisiouns-Chainen" analyséiert wéi och "Plaze vun ëffentlechen Optrëtter, déi d'Musek gewisen hunn déi de Soundtrack vun eisem Liewe ass".

D'Sängerin huet dann och an engem Statement matgedeelt, dass et immens frou iwwert dës Platzéierung ass. Dat och well d'Dua mat sengem Album de Leit e bësselche Freed an esou enger schwéierer Zäit matgi wollt. Donieft huet et och der PPL Merci gesot, well dës sech dorëms këmmert, dass d'Suen och bei den Artisten ukomme wann dës gespillt ginn.

Dem The Weeknd seng Single "Blinding Lights" war der PPL no dann dat meescht-gespillte Lidd vum Joer 2020.