Et wier deen 11. Studioalbum vun der südkoreanescher Band.

Eréischt am November 2020 ass dee leschten Album vun der Band BTS eraus komm. Elo koum zwar schonn nei Musek, ënnert der Form vun der Single "Butter", ma awer nach keen neien Album.
Ma op enger Pressekonferenz soll der Medien-Entreprise "SPO TV News" no, d'Band sech e bëssi verschwat hunn. Deemno hätten se do verroden, dass se plangen een neien Album am Summer eraus ze bréngen. Ma weider wëll SPOT TV News och wëssen, dass den Datum inoffiziell scho bekannt ass. An zwar wier den 9. Juli deen Dag, un dem den 11. Studioalbum dann dobaussen ass. Een Numm fir den Album ass awer net gewosst.

Offiziell gouf nach näischt bestätegt, weder vun der Band, nach vum Management vu BTS. Déi eenzeg Ausso déi et vum Label gouf war, dass "d'Pläng vun eise Kënschtler eréischt ëffentlech gemaach ginn nodeems se fäerdeg gestallt goufen."