Ee Release-Datum fir den drëtten Album ass dann elo och bekannt!

D'Doja Cat huet seng Fans elo eng gutt Zäit mat sengem neien Album gezeckt. Laang war net kloer wéini Planet Her sollt eraus kommen. Ma do ginn et dann elo gutt Nouvellen: de 25. Juni wäert d'Doja Cat säin drëtte Studioalbum eraus bréngen.

A genee wéi et schonn am Teaser zu der neier Single "Need To Know" gewierkt huet, wäert de Cover-Art vu Planet Her sech ganz dem Thema vu Weltall, Raumfaart, a Galaxie widmen. D'Fotoe goufe vum bekannte Fotograf David LaChapelle gemaach.

Punkto Features ass eemol kloer dem Doja seng Single zesumme mam SZA drop, déi jo Kiss Me More heescht. Eemol gëtt et dann d'Lidd I Don't Do Drugs mam Ariana Grande, a beim Track You Right ass dann nach The Weeknd dobäi. Weider sinn nach op anere Lidder de Young Thug, Yuh, oder JID drop. Am Ganze si 14 Lidder um Album drop.

  1. Woman
  2. Naked
  3. Pay Day (feat. Young Thug)
  4. Get Into It (Yuh)
  5. Need To Know
  6. I Don’t Do Drugs (feat. Ariana Grande)
  7. Love To Dream
  8. You Right (with The Weeknd)
  9. Been Like This
  10. Options (feat. JID)
  11. Ain’t Shit
  12. Imagine
  13. Alone
  14. Kiss Me More (feat. SZA)