Dat huet de Sänger elo via Social Media bekannt gemaach.

Den Ed Sheeran weist ëmmer nees, dass hie kee Mann vun de grousse Wierder ass, op mannst net wann et dorëms geet eppes bekannt ze ginn. Muss e jo och net, den Ed ass jo och eigentlech dofir berüümt gi well en duerch seng Musek iwwerzeegt. A genee dovu gëtt et der elo geschwënn nees Neier. An engem neien Post op Instagram huet den Ed dann elo matgedeelt, dass d'Single "Bad Habits" heescht an de 25. Juni dobaussen ass.

Mat enger witzeger Foto huet de brittesche Sänger elo verroden, dass effektiv eng nei Single usteet. Bis elo hat hie jo nach näischt offiziell dozou gesot, mee just Undeitunge gemaach. Op der Foto gesäit een den Ed op enger Couche sëtzen, mat den Äerm hannert dem Kapp, an am Gaangen eng Grimass ze schneiden. Dobäi huet en da geschriwwen: "The moment you realise your first solo single in 4 years is coming out in a few weeks" Wien also op een neien Album gehofft hat, kéint also enttäuscht sinn. Well eng "solo single" net onbedéngt duerno kléngt, dass ee Longplayer direkt hannendru prett wier.