"Certified Lover Boy" kéint ee schonn als eng schwiereg Gebuert bezeechne wann et ëm de Release geet.

Eigentlech hätt den Album am Januar 2021 dobausse sinn. Ma doraus ass awer bekannterweis näischt ginn. Dat wéinst enger Operatioun um Knéi vum Drake. Elo steet de Rapper zwar nees komplett op sengen zwee Been, mee "Certified Lover Boy", dem Drake säi 6. Studioalbum ass awer nach net dobaussen.

No ëmmer nees neie Rumeuren zu engem eventuelle Release vun CLB, huet den Drake selwer elo endlech eng Äntwert ginn. Ma awer keng ganz konkret. An engem Interview mat der Battle-Rap Liga URLTV, sot de kanadesche Museker, dass säin neien Album nach virum Enn vum Summer soll dobausse sinn. Op d'Nofro, wéini dat da genee wier, huet den Drake dunn awer keng Äntwert wollte ginn.