Den neie Longplayer soll am September eraus kommen.

D'Coronakris huet op mannst fir d'Museker ee positiven Effekt gehat: et gouf vill a kreativ geschafft. Esou och bei der selwer-ernannte "Bester Band der Welt", aka Die Ärzte.

Eréischt lescht Joer haten sie den Album "Hell" eraus bruecht. Fir dësen haten d'Ärzte ganzer 8 Joer gebraucht. Elo koum dann no knapps engem Joer d'Nouvelle, dass een zweete Longplayer kënnt. Dësen Album nennt sech da passend "Dunkel" a wäert de 24. September disponibel sinn. Um Album wäerten och direkt emol 19 Lidder ze fanne sinn. De Cover  deen dobäi presentéiert gouf, huet zwar emol virun allem immens Mafioso-Vibes. Mol kucke wéi düster d'Musek schlussendlech ass.

A wéi beschreiwen d'Ärzte hiren neien Album selwer? "Es sind Die Ärzte. Besser als Kapitalismus. Manchmal auch mit Karnickelfickmusik. Oder gerade damit"

Wéi gutt déi nei Musek da live wierkt, kann ee sech ab Oktober. Vun Oktober u sollen op ganzer 3 Touren d'Halen nees zum Kache bruecht ginn.