Dat um Site vum Domaine Thermal zu Mondorf

Wie wëll emol nees esou wéi mer dat vu "fréier", also Pre-Corona, gewinnt sinn op ee Concert goen? Ma deen huet elo d'Chance!
Fir all déi huet den Atelier zesumme mam Domaine Thermal zu Mondorf an der Santé ee groussen Open-Air Concert organiséiert.

De 24. Juli wäerten hei maximal 1'500 Leit dierfen d'Musek vun der belscher Kënschtlerin Selah Sue genéissen an zesumme feieren. An der Virband gëtt et da Musek vu lokale Kënschtler, nämlech dem Herrbender  zesumme mam Edsun. Dat ouni Mask, ouni Social Distancing an natierlech och net am sëtzen. Dofir awer ëmsou méi nees zesummen! Dëst ass méiglech duerch déi nei Sanitär-Prozedur vum Covid-Check. Bei der Entrée fir de Concert mussen d'Leit dann ee QR-Code virweise kënnen vun engem zertifiéieren Schnelltest, engem negative PCR-Test, enger fäerdeger Impfung oder nodeems een nees gesond ass no enger Infektioun mam Covid-19. De ganze Site vum Domaine Thermal wäert dann och an dem Kader just accessibel si fir Leit déi um Concert dobäi sinn, fir esou fir d'Sécherheet vun de Leit ze garantéieren. Den Ticket wäert 38 Euro kaschten, a wäerte vum 14. Juni un um 13h00 disponibel sinn.

Wéi de Laurent Loschetter vum Atelier awer op der Pressekonferenz am Park zu Mondorf sot, dauert et nach bis een trotz Covid-Check nees vill verschidden Artisten souwuel am Atelier, wéi och allgemeng zu Lëtzebuerg begréisse kann. Dat och well komplett Touren nees nei organiséiert gi mussen. Ma et ass een awer positiv gestëmmt, dass een nees esou séier wéi méiglech an der Normalitéit ass.