Et ass deen drëtte Mixtape vum jonke Kënschtler.

F*ck Love 3 nennt sech deen neie Projet vum The Kid LAROI, a soll dann am Juli dobausse sinn. Dat huet de jonke Museker elo via Social Media matgedeelt. An dann och direkt an engems e puer Fotoe gedeelt, déi ee virdrun nach net gesinn hat vum Kid.

D'Nouvelle vu sengem drëtte Mixtape kënnt elo nodeems de Rapper schon viru kuerzem via Twitter matgedeelt huet, dass un engem neien Album geschafft gëtt. Viru kuerzem hat den Charlton Howard ,wéi de 17-Joer ale Kënschtler eigentlech heescht, beim Scooter Braun SB Projects ënnerschriwwen. Beim Scooter Braun sinn och den Justin Bieber, d'Ariana Grande an nach vill anerer ënner Kontrakt.