Eigentlech sollt den däitsche Museker de 4. Juni hei optrieden. Een neien Datum konnt awer fonnt ginn.

Bekannt ginn duerch säi Gewënn bei Deutschland sucht den Superstar, ass den däitsche Museker Pietro Lombardi och haut nach ëmmer aktiv an der Musekswelt. Elo sëtzt de fréiere Kandidat och selwer an der Jury vun DSDS, a mécht natierlech och nach selwer Musek.

Eigentlech sollt de Pietro Lombardi schonn am Juni 2020 op senger Tour hei zu Lëtzebuerg stoe bleiwen. Ma duerch bekannte Grënn ass dësen awer natierlech verluecht ginn. Dat eemol op de 4. Juni 2021, mee och do misst een neien Datum gesicht ginn. Ma deen ass dann och elo fonnt ginn: de Pietro wäert dann elo den 28. November hei zu Lëtzebuerg am Atelier optrieden. All déi Leit, déi schonn Ticketen hunn, dierfen dann dëse weider halen, well se nach ëmmer gülteg bleiwen.