Op der CD vun der Single "Butter" wäert elo fir d'Fans eng kleng Belounung waarden.

Wéi kritt ee Leit dozou an der haiteger Zäit eng CD ze kafen? Esou muss een och beim Label vu BTS iwwerluecht hunn. An do huet een elo eng ganz einfach Léisung fonnt: mat zouätzlecher Musek!

BTS hunn elo annoncéiert hir Single "Butter" och als CD eraus ze bréngen. Den 9. Juli wäert dës dann dobausse sinn an zwou Versiounen: eemol mat engem orange Cover, der "Peaches" Edition, an dann am gielen oder och "Cream" Edition genannt. Ma nieft Butter gëtt et dann eng ganz exklusiv Single déi nach net eraus komm ass. Wéi de Label vu BTS schreift, wier et eng Single "déi däin Häerz am Rhythmus mat der positiver Energie vu BTS schloe léisst". Weider ass ee Photo Book dran, eng Kaart mam Text, Sticker, a weider Gadgeten.

Butter ass dann och weider international erfollegräich. An den USA steet d'K-Pop Band elo déi drëtte Woch hannerteneen op der éischter Plaz vun de Billboard 100 Charts. Dat ass déi éischte Kéier, dass BTS dat gelongen ass.