Den neien Album soll enger Source no och deemnächst eraus kommen.

De Media-Outlet E!News wëll vun enger Source gewuer gi sinn, dass den Album vum Adele drop an drun ass eraus ze kommen. Ausserdeem wier d'Adele och scho voller Virfreed fir der Welt säin neien Album ze weisen. Dee leschten Album 25 vum Adele ass jo elo scho 6 Joer al. Mat dësem Album hat d'Adele jo direkt eng ganz Rei Nummer 1 Platzéierungen a krut nieft Diamantestatus och bei de Grammys vu sengen 18 Nominatiounen direkt 15 mol de Präis.

Deementspriechend grouss sinn dann och d'Erwaardungen un den Nofolger vun 25. Weider soll et um neien Album vum Adele och iwwert seng Scheedung vu sengem Mann sangen. Bis elo hat et awer geheescht, dass d'Adele wéinst sengem Jong net doriwwer sange wëll wéi seng Bezéiung an d'Bréch gaangen ass. Et dierf ee wuel weider gespaant sinn ob d'Adele da selwer och nach eppes zu sengem neien Album seet.