Dorënner haaptsächlech d'Dua Lipa, Coldplay an The Beatles!

1 vun 10 Lidder dat iergendwou op der Welt gestreamt gëtt, ass vun engem brittesche Kënschtler. Dat huet eng Etüd vu BPI erginn. Wa mer vu brittesche Kënschtler schwätze komme mer natierlech net laanscht d'Dua Lipa.

Vun him kënnt dann och dee gréisste britteschen Hit vum Joer 2020. "Don't Start Now" ass am Ganzen 1,62 Milliarde mol gestreamt ginn.

Ma och den Harry Styles huet déi brittesch Musek no fir gedriwwen. Säin zweete Solo-Album "Fine Line" ass op der fënnefter Plaz gelant vun de weltwäit meeschtverkaafte Album am Joer 2020.