D'Band ronderëm den Dave Grohl huet sech extrem onbeléift gemaach bei enger ganzer Rei Fans, déi zu de sougenannten Anti-Vaxxers gehéieren.

Um Dënschden de 15. Juni hat d'Band Foo Fighters hiren éischten Optrëtt zanter iwwert engem Joer. Natierlech hu ganz vill Fans sech gefreet endlech nees d'Band live ze gesinn. Enplus war hiren éischte Concert eng zimmlech intim Affär: am "The Canyon" an den Agoura Hills si Foo Fighters opgetrueden, virun engem Publikum dat zwou Konditiounen erfëlle misst: eemol natierlech een Ticket hunn, an dann och geimpft ze sinn.

Ma genee déi Konditioun huet awer vill Persoune rose gemaach déi géint Impfe sinn. Virun dem Concert stoung dann eng ganz Grupp vun "Anti-Vaxer" an huet géint d'Band an dës Mesure protestéiert. Mat Schëlder op deenen Aussoe wéi "Stoppt den Haass an der Impf-Debatt" oder "US Gesetz klasséiert Impfungen als onevitéierbar onsécher" oder och carrément "Foo Fighters kämpfen fir Segregatioun zeréck ze bréngen"

Och deen nächste Concert vun de Foo Fighters, deen den 20. Juni um Madison Square Garden ass, setzt viraus, dass d'Leit am Publikum all geimpft sinn. Och do sinn d'Impfgéigner elo op de Barrikaden. Mol kucken op d'Foo Fighters sech dovu beandrocke loossen.