Dat op mannst wann et ëm hiren Transport geet...

Zwee Joer ass déi lescht Tour vu Coldplay hir. Am Joer 2019 haten si hir Pläng fir déi nächst Tour op Äis geluecht, well se eng méi nohalteg Form fir ze Toure fanne wollten.

Elo schéngt d'Zäit dofir dann elo komm ze sinn. Déi véier Bandmemberen, de Chris Martin, Jonny Buckland, Will Champion an Guy Berryman, hunn elo wuel eng Méiglechkeet fonnt méi nohalteg ze touren. Si hunn elo sech mam Autoshiersteller BMW zesumme gedoen, déi elo komplett elektresch Versiounen vun der iX an der i4 Rei  erausbruecht hunn. Wéi d'Band anscheinend matgedeelt hätt, ass "d'Technologie déi BMW fir seng elektresch Autoen notzt, kann eis live Optrëtter quasi komplett duerch erneierbar Energien undreiwen".

Mol kucken, ob Coldplay dann an Zukunft op ganz lues Aart a Weis duerch d'Länner reest.