Dat ass elo um Méinden decidéiert ginn.

Et war eng erstaunlech Nouvelle, wéi et geheescht huet, dass den Tomorrowland 2021 awer sollt ofgehale ginn. Dat mat am Ganzen 75'000 Visiteure pro Dag. A Pandemiezäiten eng quasi astronomesch Zuel. Ma elo ass d'Event dann definitiv ofgesot ginn. Bei enger Reunioun e Méinden den Owend, konnten och de flammänneschen Inneminister, de flammännesche Premierminister wéi och déi national Inneministesch d'Meenung vun de Buergermeeschteren änneren.

Et war eemol de Buergermeeschter vu Boom, an eemol dee vu Rumst, déi d'Ufro fir den Tomorrowland z'autoriséieren, refuséiert haten. Events mat bis zu 75'000 Persoune mussen am Viraus accordéiert ginn. A vue, dass de Site vun Tomorrowland och zum Deel op dëse Gemenge läit, mussen déi béid Buergermeeschteren am Viraus hiren Accord ginn. Et géif hinne schwéierfalen, eng Autorisatioun ze gi fir een Event, dat potentiell ee lokale Corona-Ausbroch no sech zéien. An dowéinst, wéi och der Argumentatioun, dass d'Police net déi néideg Kapazitéiten huet fir déi Corona-Zertifikater ze kontrolléieren.