De Grond dofir ass d'Ausso vum Britney, dass et sech virstelle kéint mat senger Karriär opzehalen.

Wärend 25 Joer huet de Larry Rudolph mam Britney Spears zesumme geschafft. Scho virum Release an Erfolleg vun "... Baby One More Time" huet de Rudolph sech ëm de Management vu senger Karriär gekëmmert. An elo huet dee 57-Joer alen US-Amerikaner matgedeelt, dass e vun dëser Funktioun géing zeréck trieden. Als Grond huet hie genannt, dass d'Britney viru kuerzem matgedeelt huet, dass et wéilt ophale mat senger Karriär. De Larry Rudolph huet och aner Stars representéiert wéi ënnert anerem d'Avril Lavigne, d'Miley Cyrus, de will.i.am, den Justin Timberlake oder och d'Nicole Scherzinger.

D'Britney Spears hat sech dozou via Instagram geäussert. An engem Video huet hatt Froe beäntwert déi seng Fans him am Viraus gestallt hunn. Do sinn et dann och Informatiounen dozou ginn ob hatt jeemools erëm op eng Bün wäert klamme fir ze performen.

Bei dëser Äntwert missten d'Fans vun der Pop-Prinzessin sech ganz fest unhalen. Wéi d'Britney selwer sot wéilt hatt, esou wéi hatt sech de Moment fillt, eigentlech net méi op enger grousser Bün performen. Dat wier awer nach keng 100% sécher Decisioun. Wéi d'Britney selwer sot "Ech weess et net. Ech hunn de Moment einfach Spaass. Ech sinn un engem Wiesselpunkt vu mengem Liewen ukomm an ech genéissen et einfach, dat ass et."