Donieft huet d'Taylor Swift op Pappendag eng léif Story vu sengem Papp mat senge Fans gedeelt.

Fir d'Fans vum Taylor Swift huet de Weekend wuel perfekt ugefaangen. Um Freiden huet d'Sängerin nämlech matgedeelt, dass deen nächsten Album deen et nei erausbréngt wäert "Red" sinn. Dësen ass am Original 2012 eraus komm mat ënnert anerem den Titelen "We Are Never Ever Getting Back Together" oder "I Knew You Were Trouble" a gouf fir zwee Grammyen nominéiert.

Déi nei Versioun vu "Red" wäert awer nach ee gutt Stéck méi grouss ginn. An dat wuertwiertlech. Wéi d'Taylor elo scho verroden huet, wäerten ganzer 30 Lidder drop sinn, an den Track "All Too Well" wäert et an enger 10-Minutte Versioun ginn.

Donieft huet d'Taylor um Sonnden op Pappendag verroden, dass säi Papp em elo nach gesot huet, dass hien doheem nach ganz vill Plektrumen aus dem Taylor senger "Red"-Ära huet, falls se nach eemol géife gebraucht ginn. Wéinst dëser klenger Story si kuerz drop "Papa Swift" a "Scott Swift" zu Search-Trends op Twitter an den USA ginn.