Dat sot op mannst den Drummer vun de Red Hot Chili Peppers.

Et ass jo schonn eng Zäitche gewosst, dass d'Miley Cyrus un engem Metallica-Tribute- Album schafft. Do sinn ënnert anerem den Sir Elton John, de Yo-Yo Ma, den Andrew Watt, an och de Bassist vu Metallica selwer, den Robert Trujillo dobäi. Fir d'Drums anzespillen, ass dann den Chad Smith vun de Red Hot Chili Peppers mat vun der Partie.

An deen huet elo e bësse méi verroden zum Track deen d'Museker do elo agespillt hunn. Et handelt sech hei ëm de Klassiker "Nothing Else Matters", wuel dat Lidd dat mat am bekanntsten an och am duussten ass.

"Et ass zimmlech epesch, dat ass dat mannst wat een dovu ka soen."Bis elo gëtt et nach keen Datum fir den Tribut-Album. D'Miley hat awer och scho virdrun "Nothing else matters" méi wéi eng Kéier live gecovert. Wéini dee ganzen Tribute-Album dann dobaussen ass, ass bis elo awer nach net gewosst.