D'Duett tëscht dem Kelly Rowland an dem Nelly ass och haut nach ëmmer immens beléift.

D'Single Dilemma ass 2002 eraus komm, an huet de Rapper Nelly mam Kelly Rowland vun Destiny's Child musekalesch zesumme bruecht. D'Single war deemools schonn ee groussen Hit a gouf direkt e puer mol mat Platin ausgezeechent an huet och ee Grammy gewonnen. Mat "Dilemma" huet den Nelly sech a seng eege Single "Hot In Here" vun der Nummer 1 an den Charts verdrängt a war 10 Woche laang un der Spëtzt bliwwen.

Dass Dilemma eraus koum, ass elo schonn 19 Joer hier. A virun allem ass d'Single eraus komm nach ier et YouTube gouf. Nëmme wéineg Videoen déi an der Zäit erauskomm sinn, hunn d'Hürd vun 1 Milliard geknackt. Dorënner Nirvana, Guns'N'Roses, d'Whitney Houston oder och de 50 Cent.

Den Nelly huet och schonn op d'Nouvelle reagéiert: "It is both humbling and what every artist hopes for, to see your work from 20 years ago still getting such love from fans old and new." Aktuell schafft den Nelly dann u sengem Album "Heartland", dat sech musekalesch éischter u Country-Musek orientéiert.