Dee fënnefte Studioalbum vum The Weeknd kéint deemnächst eraus kommen.

An enger Rei Tweets huet de kanadesche Sänger The Weeknd sech zu sengem neien Album geäussert. Ugefaangen huet et mam nach liicht kryptesche Message "we gettin' there" an "Really proud of this one. wow" "Massaging it now, being sweet to it. giving it some tlc"

Spéider huet den 31 Joer ale Kënschtler nach präziséiert, dass et sech effektiv ëm ee kompletten Album handelt. D'Chancen stinn also effektiv ganz gutt, dass dee 5. Studioalbum, deen den Nofolger vu sengem Rekord-Album "After Hours" wäert sinn, nach dëst Joer dobaussen ass. D'Musek soll awer effektiv nach eemol anescht ginn. Fir de Museker ass et wichteg sech ëmmer nees nei Ziler an nei Challengen ze setzen.