Eng Rei u Concerten tëscht dem 6. an dem 13. August um Glacis.

D'Ville de Luxembourg organiséiert an Zesummenaarbecht mam Atelier eng Rei u Concerten tëscht dem 6. an dem 13. August um Glacis mat ënnert anerem Gentleman a Sido.

Weider Informatiounen an Tickete ginn et vun 10 Auer un op atelier.lu

Pro Concert gi 700 Leit zougelooss.

Hei de Programm:

  • 06.08. Tribute To The Beatles
  • 07.08. Meute, Support Act: SpudBencer
  • 08.08. Axelle Red, Support Act LEEN
  • 09.08. Loïc Nottet, Support Act: EDSUN
  • 10.08. Gentleman, Support Act: Le Vibe feat. Don Gio
  • 12.08. Sido, Support Act: de Läb
  • 13.08. Majan, Support Acts: Nicool, Maale Gars