Bei dësem Festival geet et virun allem ëm de Schutz vun eiser Ëmwelt, a gëtt a verschiddene Stied ofgehalen.

De Global-Citizen-Festival setzt sech an fir verschidden Ziler wéi de Kampf géint Aarmut, Krankheeten, an och de Schutz vun eiser Ëmwelt an dem Klima. An do sinn och ëmmer nees ganz prominent Nimm mat dobäi, déi sech ronderëm de Globus dofir asetzen an op dës Problematiken opmierksam maachen.

Dëst Joer ass de 25. September fir dëse Festival festgehale ginn. Zur selwechter Zäit wäerten da Concerten zu Paräis, New York a London a villäicht och nach der enger oder anerer Location. Nieft Concerte ginn et och nach politesch Statements. Am Ganze wäert de Festival ganzer 24 Stonnen um Stéck daueren.

A wien ass alles mat dobäi?

Ma bis elo si folgend Kënschtler mat dobäi: Billie Eilish, Metallica, The Weeknd, Green Day oder och Coldplay. All d'Concerten vum Global Citizen Festival ginn och via YouTube, Twitter an international Tëlee-Chainen diffuséiert.