Dat huet de Produzent vum Album elo an engem Interview gesot

De Museksproduzent BloodPop huet dem Lady Gaga säin Album "Chromatica" aus dem Joer 2020 als Remix ugekënnegt. Hien war och scho mat un der Produktioun vum originalen Album vun der Sängerin bedeelegt.

De BloodPop seet selwer, dass hie mengt dass dëse Remix-Album wansinneg gutt wäert sinn. Wéini de Remix-Album awer elo soll released ginn ass awer nach net gewosst. Et huet een also besser d'Social Media Accounts vum Produzent an och vum Lady Gaga am A ze halen.