Déi amerikanesch Rapperin huet seng neiste Single zesumme mam Normani fir de 16. Juli ugekënnegt.

Wéi déi amerikanesch Rapperin Cardi B op Twitter geschriwwen huet, kënnt muer de 16. Juli seng neiste Single zesumme mat der Sängerin Normani. D'Lidd "Wild Side" soll dann och op dem Normani sengem laang erwaarden Album mat drop sinn.

Dës weidere wäert och ee Museksvideo erausbruecht ginn an deem dann déi 2 Sängerinnen ze gesi sinn. Op hire soziale Medien hunn di 2 Musekerinnen och d'Tracklëscht vum Normani sengem Album released. Am Februar konnt een och schonn deen éischte klengen Deel vum Album héieren, deen op Twitter gepost gi war.