Et huet zwar gedauert bis dem Tones And I säin Debut-Album eraus komm ass, mee elo ass et esou wäit.

Dem Tones and I seng Karriär huet schonn 2019 mat senger Debut-Single "Dance Monkey" immens gutt gestart. Ma op den éischten Album huet een awer laang misse waarden. Elo ass et dann esou wäit: dem Tones And I seng alleréischt Plack ass dobaussen. De Longplayer nennt sech "Welcome to the Madhouse" a bidd nieft engem faarwegen a verrécktem Cover am Ganze 14 verschidde Lidder, déi eng Geschicht zielen. An dat ass dann och d'Geschicht vum Toni Watson, wéi Tones And I eigentlech heescht.

Vu senger Zäit als Stroossemusekerin, dem phenomenale Start vu senger Karriär oder och engem ganz traurege Kapitel, nämlech deem wéi säi beschte Frënd gestuerwen ass, erzielt Tones And I a senge Lidder. Och d'Zäit am Lockdown ass mat an den Album era gefloss. Geschriwwen huet d'Toni Watson seng Lidder dann och wéineg verwonnerlech all selwer.

  1. Welcome To The Madhouse
  2. Lonely
  3. Won’t Sleep
  4. Westside Lobby
  5. Fly Away
  6. Sad Songs
  7. Just A Mess
  8. Child’s Play
  9. Not Going Home
  10. Dark Waters
  11. Cloudy Day
  12. You Don’t Know My Name
  13. Fall Apart
  14. Bars (RIP T)