Mat senger "Life On Mars"-Tour ass de brittesche Kënschtler nächst Joer hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal ze gesinn.

Et ass déi éischte Kéier dass de brittesche Kënschtler YUNGBLUD de Wee op Lëtzebuerg fënnt. Eigentlech sollt de YUNGBLUD schonn den 21. November 2021 live hei ze gesi sinn. Elo misst do awer een neien Datum fonnt ginn.

Den 8. Mee 2022 kënnt hien dann mat senger "Life On Mars"-Tour bis an d'Rockhal. De YUNGBLUD ass zwar nach ee ganz jonke Kënschtler, mee huet awer schonn eng Partie Erfolleger konnte feieren. Vum Rolling Stone gouf hien als "Pop-punk rebel on a mission" genannt, a konnt scho mat Kënschtler wéi dem Machine Gun Kelly, Travis Barker, Dan Reynolds an nach villen aneren zesumme schaffen.

Wien dobäi wëll sinn ka sech dann och nach Tickete kafen.