Nom erfollegräichen Album "Romance" am Joer 2019 ass d'Camilla Cabello elo zréck mat ganz neier Musek.

Nodeems déi kubanesch Sängerin Camilla Cabello 2016 aus der Girlsband "Fifth Harmony" ausgetrueden ass, ass hat elo als Solo-Kënschtlerin ënnerwee. 2019 huet hat säin zweete Solo-Album released dee groussen Erfolleg hat an op deem ënnert anerem d'Lidd "Señorita" zesumme mam Shawn Mendes drop war.

Fir den 23. Juli huet d'Sängerin elo seng neiste Single "Don't Go Yet" op de soziale Medien ugekënnegt. Et kann een d'Lidd elo schonn op Spotify a seng Playlist setzen an et dann direkt nom Release lauschteren.