Den Mark Forster séngt iwwert seng Léift zum Lena Meyer-Landrut an hirem Kand.

Vue dass den Mark Forster an der Vergaangenheet éischter wéineg iwwert seng Bezéiung mam Lena Meyer-Landrut an der Ëffentlechkeet geschwat huet, ass hien a senger neier Single "Musketier" awer elo bësse méi kommunikativ ginn.

Am Lidd séngt de Mark Forster dovun, dass et wichteg ass sengem Kand sou vill bäizebrengen wei et nëmme geet. An enger Strof sengt hien dann och: "Liebe, das ist das, woraus du bist" wat ganz kloer eng Libeserklärung zum Lena Meyer-Landrut ass.

Op Instagram hunn de Mark Forster wéi och d'Lena Meyer-Landrut de Video vun der Single gepost. Méi hunn di zwee Museker awer nach net verroden.