Den lëtzebuergeschen Duo Francis of Delirium trieden zesumme mat engem Orchester op!

Nodeems den Duo Francis of Delirium schonn a Lëtzebuerg sech een Numm gemaach hunn, sinn si elo zréck mat engem ganz spezielle Projet. Am Kader vun enger Collaboratioun tëschend Francis of Delirium an de Rotondes sou wéi dem Arrangeur Pol Belardi.

Bei dësem Projet huet de Pol Belardi d'Lidder vu Francis of Delirium esou arrangéiert, datt dës kennen zesumme mat engem Orchester gespillt kënne ginn.

De Projet ass als "Orchestral Session" an de Rotondes gefilmt an opgeholl ginn. Wien dat ganzt awer well live gesinn, dee kann dat den 24. Juli 2021 am Kader vun den "Congés Annulés" maachen. Hei trieden Francis of Delirium da ganz exklusiv mat engem Orchester op. Tickets kritt een op der Säit vun de Rotondes.