Nei an emotional Single, déi d'Virfreed op den Album verstäerkt.

Dei neiseilennesch-kroatesch Sängerin Lorde huet op senger Internetsäit ugekënnegt, dass den 21. Juli seng neiste Single "Stoned at the Nail Salon" erauskënnt.

Dës Single wäert dann och um Lorde sengem Album "Solar Power" mat drop sinn, dee fir den 20. August ugekënnegt ginn ass. Um Album wäert d'Sängerin vill iwwer Liebskummer, Trauer a Léift schwätzen. D'Sängerin seet, dass hat fir dësen Album konnt ausootmen an sech faale lossen.