Den Album "Pressure Machine" kënnt den 13. August eraus.

Déi US-amerikanesch Band The Killers huet op hire soziale Medien ugekënnegt, dass hire laang erwaarten Album "Pressure Machine" den 13. August dëst Joer soll erauskommen.

D'Museker wollten eigentlech lescht Joer schonn op Tour goe fir hiren "Imploding The Mirage" Album, deen 2020 erauskomm war. Duerch d'Corona Pandemie gouf déi Tour leider ofgesot an d'Band huet déi Zäit genotzt dann eben nach een Album ze produzéieren.