Dëse Freideg soll dann och schonn déi zweet Single "Coloratura" vum Album erauskommen.

Déi brittesch Band Coldplay huet hiren neien a 9ten Studioalbum ugekënnegt. Den Album mam Numm "Music Of The Spheres" soll de 15. Oktober released ginn. Dëst hunn d'Museker per handgeschriwwener Notiz op Instagram verroden.

Den 23. Juli kënnt dann och schonn ee klenge Virgeschmaach op den Album mat der neier Single "Coloratura" eraus.
Colplay hunn dann och nach verroden, dass et am September déi nächst Single soll ginn.