Nodeems de Kanye West elo ee Joer um Album geschafft huet, kënnt en dann elo endlech eraus.

De 44-järegen us-amerikanesche Rapper Kanye West huet op Instagram ugekënnegt, dass säin neien Album "DONDA" den 23. Juli erauskënnt.

Lescht Joer hat de Kanye West schonn déi éischt Single vum Album zesumme mam Travis Scott mam Numm "Wash Us In Blood" released. Als klengen Extra huet de Kanye West da fir de Release-Datum e Listening-Event zu Atlanta am Stadion organiséiert, wou een dann den Album a voller Längt ka lauschteren.