Dëse Mëttwoch – e weideren Top-Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: SIDO

De Paul Würdig, deen ee besser ënnert sengem Numm Sido kennt ass den 30. November 1980 zu Berlin op d’Welt komm.

Nodeems hie keng einfach Kandheet doheem an och a verschiddene Kannerheemer hat, huet hie mat 13 Joer seng éischt musikalesch Schrëtt gemaach.

Am Joer 2003 huet hien da mam Label "Aggro Berlin“ seng éischte Lidder an Alben erausbruecht. Duerch seng éischter bësse méi rau Texter stoung de Sido dacks an der Kritik.

Duerch Lidder wéi „Schlechtes Vorbild“, „Strassenjunge“ oder „Mein Block“ ass de Rapper a ganz Däitschland berüümt ginn. An der Zäit hat de Sido bei sengen Optrëtter ëmmer seng markant Mask un.

Am Joer 2009 huet de Museker dunn bessen eng aner musikalesch Richtung ageschloen an huet kee „Gangster“ Rap méi gemaach an och mol aner Richtunge probéiert.

Hei ware Lidder wéi "Tausend Tattoos“, "Astronaut“ oder "Bilder im Kopf“ seng gréissten Hits.

Fir ierch d’Firfreed op de Concert den 12. August um Glacis ze verstäerken hu mir dës Woch de Sido scho bei eis am Eldo Live.

Mir presentéieren iech de Concert aus dem Joer 2016, wou de Sido zu Dessau am Bauhaus am Kader vum Zdf gespillt huet. Hei huet de Sido da Lidder gespillt aus sengen Ufanksjoren mee awer och ganz aktuell Titelen.Vu Lidder wéi „Fuffies im Club « bis zu "Astronaut“ war alles mat dobäi.

Mir kënnen eis also op ee Concert freeën, dee wierklech fir Fans vum fréiere Sido a vum moderne Sido ass.

De Concert kënnt dir dann den Owend ab 19 Auer an en Sonndeg em 20h an der Rediff an eisem Eldo Live erliewen.