De brittesche Rapper KSI mat neiem Album a Concert

Ganz spontan ass dann de brittesche Rapper KSI, deen haut ugekënnegt huet, dass haut säin neien Album "All Over The Place" géif erauskommen.

Dat ass awer net dat eenzegt wou d'Fans sech kennen drop freeën, mee de Museker huet och nach ee ganz exklusive Concert am Zentrum vu London annoncéiert. Bei dësem kennen déi Fans déi spontan Zäit hunn da fir déi éischte Kéier seng neiste Lidder héieren. D'Location ass awer geheim a kritt een nëmme matgedeelt wann een ee vun deene limitéierten Tickets ergattert.