D'Testkapazitéieten an der Belge ginn net duer fir all d'Visiteuren.

Nodeems virun e puer Wochen den Pukkelpop Festival ugekënnegt gouf fir 2021 mussen d'Organisateuren elo  ee Mount am viraus alles ofsoen.

D'Organisateuren hunn iwwer Instagram geschriwwen, dass et net genuch Test-Méiglechkeeten am Moment géif ginn, fir all d'Visiteur am Viraus ze testen. Fir déi Leit déi awer elo een Ticket kaaft haten, kënnen dësen awer am Joer 2022 benotzen oder en zréck ginn.