No senger Corona-Virus Infektioun huet den James Blunt elo Problemer mat senger Stëmm.

De brittesche Sänger James Blunt sollt eigentlech dës Woch nees op Tour goen a souguer an der Royal Albert Hall optrieden.

De Sänger hat sech mam Corona-Virus ugestach an doduerch serieux Problemer mat senger Stëmm kritt. De Sänger hofft elo, dass hie séier rëm seng gewinnte Stëmm zréck kritt an da rëm kann op Tour goen.