E Samschden Owend hunn Herr Bender zesumme mam Sänger an Dänzer Edsun am Virprogramm vum Selah Sue gespillt.

D'Julie hat de Sänger Edsun am Interview

De lëtzebuergesche Jazz-Pop Duo "Herr Bender" ass zesumme mam Sänger an Dänzer "Edsun" opgetrueden. Dëst am Kader vum Selah Sue sengem Concert zu Mondorf. 
D'Lëtzebuerger konnte bei der belscher Sängerin als Virgrupp optrieden.

Dëse Concert war dann och deen éischte Concert säit der Pandemie, dee rëm ouni Mask an ouni Ofstand ofgehale gouf. Duerch de Covid-Check war dëst rëm méiglech. 
Fir d'Museker war dat eng riseg Freed an si hunn et genoss rëm wéi virun der Pandemie kennen opzetrieden.