De Museker war nëmme 46 Joer al ginn.

Den amerikaneschen Drummer Joey Jordison ass ab 1995 mat senger Band weltberüümt ginn. Mat Albe wéi "Slipknot" oder "IOWA" stoungen si international an den Charts a ware fir vill Bands eng grouss Inspiratioun.

Den Joey Jordison gëllt an der Zeen als ee vun deenen beschten Drummer op der Welt. Am Joer 2013 huet Slipknot ugekënnegt dass den Joey net méi mat dobäi wier.

Wei seng Famill matgedeelt huet ass den Joey Jordison friddlech am Alter vu 46 Joer doheem ageschlof. Eng Doudesursaach ass bis elo awer nach net bekannt.